Komm an eis Ekipp, 
mir siche Verstäerkung!

Projetsmanager/Clientsberoder (m/w/d)

Bass du e Multitalent an de Beräicher Medien a Kommunikatioun?
Kenns du dech op der Musel aus? Da bass de bei eis genau richteg! 

Du hues:
Eng éischt Erfarung an enger Kommunikationsagence oder am Beräich Marketing a Berodung
Du kenns dech gutt aus an der Regioun laanscht Musel a Sauer, an awer och doriwwer eraus
Schwätz Lëtzebuergesch an Däitsch, a gären och Franséisch an Englesch
Als Teamplayer schaffs du strukturéiert a präzis a beherrschs déi gängeg Computer-Tools
Dat lokaalt wirtschaftlech Ëmfeld an de kommunale Secteur sinn dir vertraut
e professionellen a frëndlechen Ëmgang mat Clienten
Hues Loscht dech an enger klenger Familljenentreprise mat Aktivitéiten an de Medien, der Kommunikatioun an dem Commerce anzebréngen?

Als Member an eiser Ekipp vun 3 Beroder wären deng Aufgaben ënnert anerem:
Betreiung vun enger Rei vu Clienten an Zesummenaarbecht mat der Geschäftsleedung
Du assuréiers dem Client seng Zefriddenheet an d’Wirtschaftlechkeet vun de Projeten
Ausschaffen a Presentatioun vun Offeren a Konzepter beim Client
Eegestänneg Gestioun vu Projeten an de Beräicher Corporate an Editorial Design, Social Media, Webdesign asw.
Analyse vum Client senge Besoinen an d’Definitioun vum Briefing fir d’Kreatioun
Ausschaffe vun Offeren, Anhuele vu Präisser vu Fournisseuren
Opstelle vun Zäitpläng an de Suivi dovunner
Ofwécklung vum Projet zesumme mam Client an eiser Ekipp vu 6 Grafiker
Qualitéitskontroll an Ofrechnung vum Projet


Als zousätzlech Trëmp gesi mir:
Erfarung am Beräich Online Marketing a Social Media Management
En eegent Netzwierk u Kontakter fir potenziell Clienten
Mir bidden:
Flexibilitéit bei den Aarbechtszäiten (50 - 100%)
E familiär a professionellt Ëmfeld an enger Ekipp vun insgesamt 16 Persounen
Eng Aarbechtsplaz an enger wonnerschéi moderniséierter Stadvilla am Zentrum vu Gréiwemaacher
Eng Méiglechkeet sech op de verschiddene Geschäftsfelder vun der Firma anzebréngen (Editiounshaus vun der Musel- & Sauerzeidung, Konzeptioun a Realisatioun vun héichwäertege Produiten vu Coups de Coeur, Eicatcher – Geschäft fir Dekoratioun- a Geschenkartikelen)
Eng héich Wäertschätzung a Kollegialitéit, an d’Méiglechkeet eegestänneg a kreativ ze schaffen



Ween si mir?
creative corner ass eng Agence fir Design a Kommunikatioun vu Gréiwemaacher. Mir schaffe fir Clienten aus dem ganze Land, esouwuel fir Entreprise wéi och fir ëffentlech Verwaltungen. Eis Schwéierpunkten si Corporate an Editorial Design, vun der Konzeptioun bis zur Ëmsetzung. Donieft begleede mir eis Clientë ë.a. an de Beräicher Social Media, Webdesign a Packaging. 
Wanns du dech an dëser Beschreiwung erëm fënns a Loscht hues, dech an eiser Agence fir Kommunikatioun an Design anzebréngen, da schreif eis op:
vic.hengel@creativecorner.lu